
WhatsApp hat jo schonn annoncéiert, dass de Messenger op bestëmmte Smartphones net méi wäert disponibel sinn. Enger Lëscht no, déi am Internet d’Ronn mécht, sinn 43 Modeller betraff. Fir dës Modeller soll et nämlech kee Sécherheetsupdate méi ginn. Deen Ament ass de Programm méi ufälleg fir Hackerugrëff.
Der Dateplattform Statista no maachen déi Modeller an Däitschland just 0,04 Prozent vun den Android-Apparater aus.
Wéi d’Verbraucher-Portal Chip mellt, wier fir déi betraffe Modeller e Systemupdate prett, déi, déi gefuerdert Android, respektiv iOS-Versioune weiderhin ënnerstëtzt. Zum Beispill verlaangt WhatsApp um iPhone op d’mannst den iOS 10, déi betraffe Modeller op der Lëscht goufe mam iOS 9 beliwwert, kruten awer een Update op den aktuellen iOS 014. Dat Selwecht gëllt fir Android-Handyen. Sou krut de Galaxy S2 en Update op den Android 4.1 a kann deemno och weider benotzt ginn.
Wien awer nach méi eng al Versioun benotzt op sengem Handy a schonn eng gewëssen Zäit keen Update méi gemaach huet, muss wuel oder iwwel op WhatsApp verzichten. Deen Ament kritt ee sech net méi agelooged an et kann een och keen neie WhatsApp-Kont opmaachen. Ass ee nach um Messenger aktiv, kënne verschidde Funktioune méiglecherweis net méi genotzt ginn.
User vun eelere Modeller sollte beschtefalls elo eng aktuell Versioun installéieren oder sech, wa si guer net op WhatsApp verzichte wëllen, méi e modernen Handy kafen.