Streaming, Musek an Online-NewsWou an Europa bezuelen d'Leit am meeschte fir digital Abonnementer?

Tim Morizet
Streaming ass fir vill Europäer längst Deel vum Alldag. Netflix fir Serien, Spotify fir Musek oder en Abonnement fir Live-Sport. Nei Zuele vun Eurostat weisen, datt ëmmer méi Internet-Notzer bereet sinn, reegelméisseg fir digital Contenuen ze bezuelen.
© SILAS STEIN/dpa Picture-Alliance via AFP

Dobäi ginn et awer grouss Ënnerscheeder tëscht den EU-Länner. Och Lëtzebuerg läit bei verschiddene Kategorien iwwert dem europäeschen Duerchschnëtt. Am beléiftste sinn Abonnementer fir Filmer, Serien a Sport. 2025 haten 32,7 Prozent vun den Internet-Notzer an der EU op d'mannst een Abonnement an dëser Kategorie. Domat bezilt bal all Drëtten EU-Bierger fir esou e Service. D'Zuele bezéie sech op Persounen tëscht 16 a 74 Joer, déi an den dräi Méint virun der Ëmfro den Internet benotzt hunn.

D'Tendenz geet dobäi weider no uewen. 2024 waren et EU-wäit nach ronn 30 Prozent. Deemno ass den Undeel bannent engem Joer ëm bal dräi Prozentpunkte geklommen.

Irland an Dänemark mat groussem Virsprong

Besonnesch grouss ass d'Bereetschaft, fir Streaming ze bezuelen, am Norden a Weste vun Europa. Irland kënnt mat 63,9 Prozent op déi éischt Plaz, knapp virun Dänemark mat 61,1 Prozent. An Holland sinn et 59,2 Prozent. A Schweden huet méi wéi d'Hallschent vun den Internet-Notzer, ronn 54 Prozent, esou en Abonnement.

Ganz anescht gesäit d'Situatioun am ënneschten Deel vum Klassement aus. A Bulgarien bezuelen nëmmen 9,3 Prozent fir Film-, Serien- oder Sportstreaming. A Slowenien sinn et 13,7 Prozent, a Lettland 16,7 an a Litauen 17,4 Prozent. D'Eurostat-Zuele weisen domat eng däitlech geographesch Trennung.

Lëtzebuerg iwwer dem EU-Duerchschnëtt

Och Lëtzebuerg gehéiert zu de Länner, an deenen digital Kultur- a Medien-Offeren iwwerduerchschnëttlech vill genotzt a kaf ginn. Bei de bezuelten Abonnementer fir Filmer, Serien a Sport läit de Grand-Duché mat 41,6 Prozent däitlech iwwert der EU-Moyenne.

Musek op Plaz zwee, Online-News wäit hannendrun

Filmer a Serien sinn awer net deen eenzege Beräich, fir deen d'Europäer bezuelen. 23 Prozent vun den Internet-Notzer bezuele fir e Museksabonnement, zum Beispill Spotify, Apple Music oder änlech Servicer.

Vill méi schwéier huet et dogéint de Journalismus. Nëmmen 7,2 Prozent vun den europäeschen Internet-Useren bezuele fir Online-Newssäiten, digital Zeitungen oder Magasinner.
Nieft dem Land spillen och Alter, Bildung a Wunnuert eng Roll. Mënsche mat engem méi héije Bildungsniveau kafe méi dacks digital kulturell Produiten. Och an de Stied ass d'Bereetschaft méi grouss wéi am ländleche Raum. Bei Museksabonnementer zum Beispill bezuele 27 Prozent vun de Leit an de Stied fir e Service. Am Verglach sinn et 18 Prozent um Land.

Back to Top
CIM LOGO