
Am grousse Ganze gouf et beim Online-Gigant Google gréisser Problemer. Esou ware quasi all hir Programmer net accessibel, dorënner Youtube, Gmail oder och de Google-Drive. Ma géint 13.30 war de Problem geléist an quasi all d’Programmer vu Google nees accessibel.