27 BlesséierterNéng Doudesaffer a Kanada no enger Schoulschéisserei

AFP, iwwersat vun RTL
Néng Leit koumen en Dënschdeg ëm d'Liewen a 27 goufe blesséiert an enger Schéisserei, déi et op e Lycée an eng Residenz a British Columbia ofgesinn hat.
Mass shootings are extremely rare in Canada
Gréisser Schéissereie sinn a Kanada relativ seelen.
© AFP

Eng Masseschéisserei an engem entleeënen Deel am Weste vu Kanada huet en Dënschdeg néng Affer d’Liewe kascht, dorënner siwen, déi an engem Lycée erschoss goufen, ier de Verdächtege säin eegent Liewe geholl huet. D’Schéisserei war zu Tumbler Ridge, British Columbia, eng Uertschaft um Fouss vun de Rocky Mountains. Am Ganze goufe 27 Leit blesséiert, dovunner zwee méi seriö. Déi aner 25 Blesséiert hätte keng liewensgeféierlech Blessuren erlidden, esou d’Royal Canadian Mounted Police (RCMP) an enger Matdeelung.

Kanadesch Medie mellen, de Verdächtege wier eng Fra gewiescht, ma d’Police wollt dat bis ewell nach net kommentéieren. Och aner Detailer zu der Identitéit vum Verdächtege goufen en Dënschdeg op enger Pressekonferenz nach net gemaach.

Der Police no ass een Alarm iwwert eng aktiv Schéisserei an der Tumbler Ridge Secondary School en Dënschdeg am Nomëtteg erausgaangen (Lokalzäit). Wou d’Police d’Gebai duerchsicht huet, hu si sechs Doudesaffer fonnt. Eng siwent Persoun ass um Wee an d’Spidol gestuerwen. D’Police huet an enger Residenz zu Tumbler Ridge dann nach emol zwee Doudeger fonnt. D’Haus géif wuel a Verbindung zu der Schéisserei an der Schoul stoen, esou d’Police.

“Eng Persoun, vun där ugeholl gëtt, dat se den Täter war, gouf och dout fonnt, mat enger Wonn, déi si sech warscheinlech selwer zougefüügt huet”, sot d’Police iwwert eng weider Decouverte an der Schoul. Am Ganze sinn also dem aktuelle Stand no zéng Persounen ëmkomm. Och d’Gemeng vun Tumbler Ridge huet sech an engem Statement zu Wuert gemellt: “Et gi keng Wierder, déi d’Trauer an eiser Communautéit kënnen erëmginn.”

Néng Doudesaffer a Kanada no enger Schoulschéisserei
Néng Leit koumen en Dënschdeg ëm d’Liewen a 27 goufe blesséiert an enger Schéisserei, déi et op e Lycée an eng Residenz a British Columbia ofgesinn hat.

E Schüler an der Schoul huet der Chaîne CBC gesot, hie wier an engem Mechanik-Cours gewiescht, wou d’Annonce koum, datt d’Schoul am Lockdown wier. Ufanks hätt den Darian Quist net geduecht datt eppes lass wier, ma du krut hie bemol “verstéierend” Fotoe vun dem Drama an der Schoul. Du wier him bewosst ginn, wat grad géif geschéien. Hie wier fir iwwer zwou Stonne bliwwen, bis d’Police de Raum gestiermt huet an all Mënsch mat erhuewenen Hänn aus der Schoul erausbeuerdert huet.

Dem Darian seng Mamm Shelly Quist huet hire Jong gekusst, wou si hien endlech erëmgesinn huet. “Ech wäert hien déi nächst Zäit net méi aus den Ae loossen”, esou d’Fra CBC géigeniwwer.

“Schrecklech Gewalt”

De Premier Mark Carney sot, hie wier “um Buedem zerstéiert” no der “schrecklecher” Schéisserei. “Meng Gebieder an dat déifste Bäileed geet un d’Famillen an d’Frënn, déi hir Léifsten an dëser schrecklecher Gewalt verluer hunn”, esou de Carney an de Soziale Medien.

Masseschéissereie sinn a Kanada onheemlech seelen, ma 11 Leit goufen am Abrëll 2025 zu Vancouver ëmbruecht, wou een Auto an ee Philippinnesche Festival gefuer ass.

Tumbler Ridge ass eng roueg Plaz mat ronn 2.400 Awunner. Et läit iwwer 1.000 Kilometer nërdlech vu Vancouver. D’Police duerchsicht aktuell nach aner Haiser, fir ze gesinn, ob nach aner Plazen mam Incident a Verbindung kéinte stoen.

Back to Top
CIM LOGO