
Déi déidlech Tëschefäll am Zesummenhang mat der Duerchsetzung vun den Awanderungsgesetzer zu Minneapolis hu Protester, international Géigereaktiounen an Angscht wäit iwwer d’Stad eraus ausgeléist.
Viru kuerzem gouf RTL Today vun engem Amerikaner mat Lien zu Lëtzebuerg kontaktéiert, deen Abléck an dat alldeeglecht Liewen an Deeler vu Minnesota ginn huet. De Resident wollt aus Sécherheetsgrënn anonym bleiwen an huet ee Gefill vun Angscht, Tensioun a politescher Zerspléckung beschriwwen, dat ëmmer méi grouss géif ginn.
Déi déidlech Schëss op zwee US-Bierger wärend enger Awanderungsrazzia vun de federaler ICE-Agence Ufank Januar zu Minneapolis huet uechter d’Welt fir Opreegung gesuergt an huet dozou gefouert, datt d’Virgoe vun den Agence méi genee ënner d’Lupp geholl gouf. D’Renée Good, 37 Joer, gouf de 7. Januar 2026 vun Awanderungsbeamten erschoss, wärend den Infirmier Alex Pretti, och 37 Joer al, de 24. Januar wärend enger Protestaktioun géint d’Razzien direkt vun e puer Kugele getraff gouf.
Béid Doudesfäll hu landeswäit Protester an international Kritik ausgeléist - virun allem, nodeems d’federal Autoritéiten d’Virfäll fir d’éischt als Selbstverdeedegung beschriwwen haten, wat spéider duerch Zeienaussoen a Videoopname widderluecht gouf.
D’Virfäll zu Minneapolis hu grouss Demonstratiounen ausgeléist, mat Zéngdausende Leit, déi géint d’Awanderungsrazzie protestéiert hunn a Rechenschaft gefuerdert hunn. Minneapolis koum doduerch an de Mëttelpunkt vun der nationaler Debatt iwwer d’Duerchsetzung vun den Awanderungsgesetzer. Se haten och politesch Auswierkungen: d’Trump-Regierung huet spéider den Uerder ginn, d’Zuel vun de Bundesagenten a Minnesota ze reduzéieren. Gläichzäiteg huet hien allerdéngs och signaliséiert, datt landeswäit weiderhi gréisser Operatioune géifen duerchgefouert ginn.
D’Demonstratiounen hu sech awer och international ausgebreet. Zu Lëtzebuerg hate sech Demonstrante baussent der US-Ambassade versammelt, fir hir Solidaritéit mat den Demonstranten zu Minnesota ze weisen.
De Resident sot RTL Today géigeniwwer, datt d’Oppositioun géint d’Awanderungsagence ICE uechter Minnesota ëmmer méi visibel géif ginn. Déi allgemeng Stëmmung a villen Communautéite wier “ICE Out” an “Keen ass illegal op geklautem Buedem” - Slogans, déi wärend den Demonstratioune vill zirkuléiert sinn.
Dem Resident no géifen d’Messagen e méi breet Verständnis vun der US-Geschicht reflektéieren. “An den USA ass et allgemeng unerkannt, datt all d’Mënschen op dësem Kontinent, mat Ausnam vun den Urawunner, Awanderer sinn”, huet hien erkläert. Vill Leit géife sech ëmmer méi bewosst ginn, wéi den indigene Communautéiten en Terrain geholl ginn ass a mat Hëllef vun immigréierten Aarbechter bebaut ginn ass.
An dësem Kader sot de Resident, vill Kritiker wieren der Usiicht, datt ICE virun allem rezent Immigrante géif viséieren an dobäi eng méi déifgrënneg historesch Verantwortung evitéiere géifen. D’Operatioune wieren eng “Bestrofung vun de rezenten Immigranten dofir, datt se sech ‘illegal’ hei ophalen, amplaz an de Spigel ze kucken a Reparatiounen ze leeschten.”
D’Reaktioun vun der Ëffentlechkeet ass allerdéngs net eenheetlech. De Resident sot, datt vill wäiss Amerikaner eréischt elo Probleemer erkennen, déi vu Minoritéite schonn zanter laangem ugeschwat ginn.
Ënnerstëtzung vun ICE gëtt et awer och, dat virun allem a konservative Gruppen. Den Awunner sot, datt dës Ënnerstëtzung dacks a Form vu Feindséilegkeet géigeniwwer vun Demonstranten zu Ausdrock kéim. Dacks awer och a Form vu politescher Rhetorik, déi Bedenken iwwert d’Asätz erofspillt.
“Am heefegsten si Gaslighting-Technike vu moderate Rietsen, déi elo maachen, wéi wann näischt lass wier, den Affer d’Schold ginn, oder d’Rhetorik vu ‘béide Säite’ benotzen, obwuel a Wierklechkeet ee kloert an offensichtlecht Ongläichgewiicht am Muechtverhältnis besteet”, esou den Awunner.
Angscht ënnert den Awunner wier nach ëmmer wäit verbreet, sou de Resident. Hie géif Awanderer kennen, déi “Angscht hunn, hir Haiser ze verloossen an Angscht hunn, ëffentlechen Transport ze benotzen, fir hiren alldeegleche Bedürfnisser nozegoen”, dorënner de Wee op d’Aarbecht. Dës Angscht géif souwuel legal wéi och illegal Awanderer betreffen.
D’Suerg geet iwwert den Awanderungsstatus eraus. Den Awunner sot, hie géif US-Bierger aus schwaarzen, latäin-amerikaneschen, asiateschen an indigene Communautéite kennen, déi wéinst “Racial Profiling” Angscht ëm hir Sécherheet hunn, well ënnert dem Motto “Fir d’éischt ugräifen/entféieren, da Froe stellen” géif agéiert ginn.
Obwuel hie Leit kennt, déi an Angscht liewen, sot hien, datt hie perséinlech kee kennt, deen an de rezente Razzie festgeholl oder ausgewise gouf.
D’Auswierkunge vun den Awanderungsrazzie gi wäit iwwer Verhaftungen an Ausweisungen eraus, esou de Resident. Hie sot, datt Festname Famillje géifen trennen a Schoulen, Büroen a Betreiungsplazen géife stéieren. Wann d’Awanderer géife verschwannen, géif dat “eis Gemeinschafte schwächen”, esou de Resident.
Den Awunner huet och beschriwwen, datt et eng grouss Virsiicht géif ginn, sech ëffentlech ze äusseren. “Selbstzensur ass ganz verbreet”, sot hien an huet erkläert, datt vill Leit Angscht hunn, mat ëffentlechen Aussoe Frënn a Famill a Gefor ze bréngen.
Wärend Stied wéi Minneapolis déi direkt Auswierkunge vun de Razzien ze spiere kréien, suivéieren d’Awunner a méi ländleche Géigenden alles opmierksam. “D’Stied reagéieren direkt, wärend ländlech Gebitter sech op méiglech Entwécklunge preparéieren”, esou de Resident.