D'Police melltGeeschterfuerer op der A4 ass hannerzeg d'Offaart Steebrécken nees erofgefuer

RTL Lëtzebuerg
Op der Escher Autobunn war an der Nuecht op e Mëttwoch géint 3.20 Auer e Geeschterfuerer ënnerwee.
Grouss Policekontroll am Kader vun der Verkéierssécherheetscampagne "Gutt gesinn" den 20. Januar 2026 vu 7 bis 9 Auer op der N31 zu Péiteng.
Symbolfoto.
© Police

De Chauffer war net just an déi falsch Richtung op der A4 ënnerwee, hien huet dunn och nach decidéiert, d’Ausfaart zu Steebrécken hannerzeg erofzefueren. Eng Police konnt dem Automobilist seng Aventure kuerz Zäit drop op der N13 stoppen. Bei der Kontroll vum Chauffer hu sech däitlech Zeeche vun Alkoholkonsum gewisen. De Mann krut doropshi säi Fürerschäin ofgeholl.

De CGDIS huet dann och nach zwee Accidenter en Dënschdeg den Owend gemellt. Zu Leideleng an der Rue de La Gare si géint 17.20 Auer zwee Autoen aneneegeknuppt. Zwou Persoune goufe verwonnt. Dräi Blesséierter gouf et dann nach tëscht Schëndels a Koplescht um CR102. Dräi Gefierer waren hei géint 19 Auer net laanschtenee komm. Hei war och de Samu am Asaz.

Back to Top
CIM LOGO