Déidlech Messerattack an Appartement um LampertsbiergZweet Affer huet wuel Schlëmmeres verhënnert a war 10 Deeg op Intensivstatioun

Pierre Weimerskirch
Am Zesummenhang mat der déidlecher Messerattack um Lampertsbierg, bei där eng Fra ëm d'Liewe komm ass an eng zweet schwéier verletzt gouf, huet RTL mam Papp vun der Blesséierter geschwat.
© Domingos Oliveira

D’Fra huet d’Attack iwwerlieft an et geet hir moralesch lues a lues besser. No Aussoe vum Papp war seng Duechter zur Zäit vum Ugrëff an der Wunneng, wou si lieft, zesumme mat hirem Kand vun 13 Méint. Wärend de presuméierten Täter sech mat der spéider verstuerwener Fra am Sous-sol vun der Residenz opgehalen huet, hat d’Duechter kuerz virdrun hiert Kand an d’Bett geluecht. Wéi si ongewéinlech Geräischer aus dem Ënnergeschoss héieren huet, ass si erofgaangen, well si gemengt hätt, et kéint eppes geschitt sinn. Nodeems si sech nach kuerz ëmgedréint hat, fir den Handy sichen ze goen, ass si nach eng Kéier an d’Ënnergeschoss gaangen. Do ass hir den Täter entgéintkomm.

No den Aussoe vum Papp gouf seng Duechter e puer Mol mat engem Messer gepickt, ënner anerem an d’Hänn, den Hals an an de Bauch. Trotz de schwéiere Verletzungen huet d’jonk Fra weider gekämpft an aus Suerg ëm hiert Kand ass et hir gelongen, nach ee Stack eropzekommen. Do konnt si d’Frëndin vun hirem Brudder, déi och am Appartementshaus wunnt, op sech opmierksam maachen. Duerch hiert séiert Agräife konnt d’Affer an d’Spidol bruecht ginn. No Aussoe vum Papp gouf seng Duechter aacht Stonne laang operéiert. Am Ganze waren dräi gréisser chirurgesch Agrëffer néideg, ënner anerem am Broschtkuerf bei der Long, um Hals, wou et knapp war, datt d’Haaptarterie net getraff gouf, an och d’Hänn, do waren Seenen an Nerven duerchgeschnidden, déi hu misse gebutt ginn.

No zéng Deeg op der Intensivstatioun konnt d’Fra mëttlerweil an e normaalt Spidolszëmmer verluet ginn. Moralesch geet et hir no Aussoe vum Papp elo däitlech besser, och well si zanter e puer Deeg hirem Kand nees no ka sinn. Dat 13 Méint aalt Kand ass aktuell op d’Hëllef vun der Famill ugewisen, well d’Mamm hir Hänn warscheinlech nach Méint net voll asazfäeg wäert hunn. Et besteet och d’Gefor vu bleiwende Schied.

De Papp huet RTL och erkläert, datt seng Duechter Self-Defense-Coursë gemaach hat. Dat hätt hir, senger Meenung no, méiglecherweis d’Liewe gerett, besonnesch am Hibléck drop, datt de presuméierten Täter ronn 1,90 Meter grouss a korpulent wier.

An engem weideren Artikel hat den Affekot vum Papp, Maître Philippe Penning, géintiwwer RTL erkläert, datt déi couragéiert Reaktioun vun der jonker Fra méiglecherweis dozou bäigedroen huet, datt de Mann relativ séier konnt gestoppt ginn an esou weider méiglech Dote verhënnert goufen.

D’Ermëttlunge lafen.

Liest dozou och hei:

Back to Top
CIM LOGO