Den 11. Februar ass de Safer Internet Day 2020, fir de Publik drop opmierksam ze maachen, fir méi sécher, responsabel a positiv mam Internet ëmzegoen.

Am Studio bei eis waren d'Carmen Michels an de Jeff Kaufmann vu BEE SECURE a si hunn iwwert déi verschidden Aktiounen an Eventer fir de Safer Internet Day geschwat an och iwwert hire Joresrapport vun 2019, dee viru kuerzem der Press virgestallt gouf.

Am Gespréich: Carmen Michels a Jeff Kaufmann

D'Emissioun "Am Gespréich ..." vu méindes bis freides tëscht 12 an 13 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream op RTL.lu, wou duerno och de Replay (Audio a Video) ze fannen ass.