
Bei den Domaines Vinsmoselle feieren se e ronnen Anniversaire: 30 Joer Poll Fabaire!
Den Numm Poll Fabaire ass jo déi franséisch Aussprooch vum Paul Faber, deen 1921 den éischte President vun enger Genossenschaftskellerei zu Gréiwemaacher (Fir parallel deen 100. ze feieren ass och eng historesch Editioun vun engem Pinot gris eraus komm). An de Crémant Poll Fabaire mat senge 15 Cuveeë gouf an deene leschte Joer immens gutt verkaaft.
Guer net ze schwätze vun deene sëlleche Medaillen, déi de Poll Fabaire heiheem an op internationale Concoure krut. An déi 30 Joer ginn natierlech och direkt mat enger spezieller Cuvée gefeiert.
Stousst mat hinnen op de Gebuertsdag un: d‘Cuvée 30 Joer Poll Fabaire elo an all hiere Vinothéiken, iwwerall do, wou et gudde Crémant gëtt an op vinsmoselle.lu