
„Eat good things!“ – ënnert deem Motto huet de Pall Center zu Uewerpallen elo 300m2 fir Bio-, lokal a regional Produkter...
De Pall Center innovéiert also an der Traditioun. „Natierlech anescht » ass a bleift de Slogan mat der grousser Neiegkeet dass de Bio-Rayon nach méi grouss gemaach gouf, mam Akzent op lokal a regional Produkter. De Supermarché Pall Food Market zu Uewerpalle wëll zeréck bei déi einfach a gutt Saachen an esou fannt Dir elo iwwer 2000 vegetaresch, vegan, bio a Fairtrade-Produkter aus der Groussregioun an engem neie Rayon vun 300 m2: e.a. Let’z Chips, The Happy Guts’ Company, Luxlait, Gimber, Knopes, d’Wäiner vum Sunnen an d’Produkter vum Nathalie Bonn.
An deem Sënn huet de Fuuss aus dem Pall dann och säi Look geännert a gëtt elo e Pall Food Market. Déi lokal a regional ADN ass och net nei, well de Pall Center schonn ëmmer ganz ëmweltfrëndlech agéiert a sech zanter 1982 fir de fairen Handel agesat huet. Déi Passioun spiert een och an der gudder Laun an an der frëndlécher Berodung vun alle Mataarbechter, ënnert dem Motto: „Hello Bio, Moie Lokal, Bonjour Régional.″