Gitt an Ärem Supermarché gewuer vu wou d'Produite kommen.

Déi schonn 3. Oplag vun der BIO-Woch ënner dem Titel “Dem BIO-Bauer säi ganze Stolz“ fënnt dëst Joer vum 19. bis den 28. September statt.
 
An 12 Gemengen uechtert d’Land an an 48 Supermarchéë weisen Iech Hiweisschëlder vu wou d’BIO-Produkter hei am Land deelweis hierkommen.

Well naturbeloossen a reng BIO-Liewensmëttel vun heiheem gëtt et och direkt bei Iech an der Noperschaft!

Besicht eis BIO-Baueren op hirem Haff, huelt deel un engem oder méi vun den Eventer déi am Kader vun dëser Bio-Woch organiséiert ginn, a kacht a genéisst BIO-Liewensmëttel vun heiheem.

Business News - Biowoch - Freideg 19/09/2025

Méi Informatiounen op www.biowoch.lu.