D’Fondatioun Partage Lëtzebuerg

Och en Deel vun de Caritas Aktivitéiten iwwerholl.
Zesumme mat hire lokale Partnerorganisatiounen ënnerstëtzt d’ONG Entwécklungsprojeten an Afrika, Latäinamerika an Asien.
Am Mëttelpunkt stinn d’Verdeedegung vun der mënschlecher Würd an de Schutz vu fundamentale Rechter, an dat mam Staarkpunkt op Projeten, déi mëttel- a laangfristeg ugeluecht sinn.
Déi ginn Hand an Hand mat de Partner um Terrain ëmgesat a vu Lëtzebuerg aus begleet.
Sou ass en héij-qualitative Suivi garantéiert an d’Initiative kënnen un d’Besoinen um Terrain selwer ugepasst ginn.
Zanter kuerzem huet d’Fondatioun och en Deel vun de Caritas Aktivitéiten iwwerholl, dorënner déi aus der Ukrain an dem Süd-Sudan.
Nieft hiren internationalen Tätegkeeten ass d’Fondatioun och am Grand-Duché engagéiert.
Si féiert d'Bildung fir eng global Biergerschaft duerch a sensibiliséiert virun allem Schüler an de lëtzebuergesche Schoule fir d’Ëmwelt- an Entwécklungsfroen.
Weider Informatioune fir Spenden an Ënnerstëtzungsméiglechkeeten fannt Dir op hirer Internetsäit www.partage.lu oder per Telefon um 26 84 26 50.