Zu München sinn d’Police an d’Pompjeeën e Mëttwoch de Moien op en Asaz geruff ginn, nodeems et zu engem Brand an Explosioune komm war.

Géint 4.40 Auer goufen d'Pompjeeën an de Quartier Lerchenau bei de Séi geruff, wou e Wunnhaus gebrannt huet. Wärend dem Asaz waren Explosioun Geräischer ze héieren.  Eng Schoul ass fir d’Durée vum Asaz zou bliwwen.

Eng Persoun gouf ufanks schwéier blesséiert, wier spéider un hire schroe Blessure gestuerwen, wéi eng Spriecherin vun der Police der Noriichtenagence AFP matgedeelt huet. D'Police huet d'Persoun, déi am Brand gestuerwen ass, méi spéit als de 57 Joer ale Verdächtegen identifizéiert. Hie soll sech no enger Course-Poursuite mat der Police mat enger Schosswaff selwer d'Liewe geholl hunn.

Am Laf vum Mëttwochnomëtteg huet d'Police dunn een zweeten Doudege confirméiert. Am ieweschte Stack vum Wunnhaus géif aktuellen Informatiounen no eng Läich leien, bei där et sech warscheinlech ëm den 90 Joer ale Papp vum verstuerwene Verdächtege soll handelen. Virdrun soll hie seng 81 Joer al Mamm mëttelschwéier blesséiert hunn. Dem Verdächtege seng 21 Joer al Duechter gouf liicht blesséiert. Si war vun der Police aus dem brennende Gebai gerett ginn.

D'Police geet dervun aus, datt ee Familljesträit d'Motiv fir d'Dot war. Well de Verdächtegen, dee jo an engem Schreiwes mat enger Bommenattack op d'Münchener Oktoberfest gedreet hat, war d'Wiesn méi wéi siwe Stonne laang zou bliwwen, ier d'Police fir 17.30 Auer Entwarnung ginn huet.

RTL

© Felix Horhager / DPA / dpa Picture-Alliance via AFP

Leit, déi suizidär Gedanken hunn, kënnen Hëllef bei SOS Détresse um Telefon 45 45 45 kréien. All Informatioune fënnt een op www.prevention-suicide.lu