E Mëttwoch de Moie koum et op der Rouder Bréck zu enger Protestaktioun vun der Associatioun ProVelo.

Et sinn zwar nëmmen 350 Meter mä se loosse kuerz virum Trounwiessel d'Gemidder héich kachen. Fir déi eng well se d'Kriticken iwwerdriwwe fannen. Déi aner, virop d'Associatioun ProVelo, schwätze vun "inakzeptabelen" Zoustänn op der Rouder Bréck wou wéinst de Virbereedunge fir d'Festivitéiten e Samschdeg den Ament Foussgänger a Vëloen zesummen um verenkten Trottoir iwwer d'Bréck hin an hir goe mussen. Déi eenzeg Alternativ fir d'Cycliste soss bleift den Ëmwee duerch den Autostrafic. ProVelo hat Mëttwoch de Moien am Beruffstrafic dowéinst eng Protestaktioun organiséiert.

Zanter en Dënschdeg gëllt zwar Tempo 30 op der Plaz - de Mobilitéitsministere huet dat wuel no den éischten Reklamatiounen nodréiglech en Place gesat - mä et muss een net laang bei der Bréck stoe fir ze mierken, datt déi mannst sech un déi virgeschriwwe Vitesslimitatioun halen. Et kontrolléiert jo och keen, iergert sech d'Presidentin vu ProVelo Monique Goldschmit. Duerfir huet d'Associatioun tëscht 8 an 9 Auer d'Cycliste vun der enger op déi aner Säit iwwer d'Strooss am Grupp eskortéiert. Déi wieren hei fir d'x. Kéier einfach nees vergiess ginn.

"Fir d'éischt geet eis ëm d'Sécherheet vun de Vëlosfuerer. Dat ass ganz kloer. An da geet et eis ëm d'Trennung vun de Vëlosfuerer, vum Autosverkéier a vun de Foussgänger. An et geet eis hei ëm de Prinzip, datt hei d'Mobilité douce nees einfach vergiess ginn ass. Als éischt muss een no deene Schwaache kucken am Verkéier. Wéi d'Madame Polfer de Moie gutt um Radio sot, et ass vill ze vill geféierlech hei op där Strooss ze fueren. Do huet se absolut Recht. Gruppéiert fuere mir de Moien hei sécher mat de Vëlosfuerer driwwer a wa si gewollt hätten, datt d'Vëlosfuerer sécher eriwwer kommen, hätte se dat ganz einfach kéinten installéiert."

ProVelo versteet einfach net, firwat een net eng Autosspuer fir d'Vëlosfuerer zougemaach huet. Mä sou ganz einfach wier dat awer net, kontert de Stater Mobilitéitsschäffe Patrick Goldschmidt.

"Mir haten am Juli eng Lafcourse an der Stad, déi sollt um véierel op 7 ugoen. Do ass iertemlecherweis eng Spuer eng hallef Stonn méi fréi zougemaach ginn. Mä dat war bis op d'Cloche d'Or zeréckgaange mam Stau. Dat heescht, do ass esou e Volume un Autoen, datt et weder fir déi staatlech, nach fir d'Gemengeninstanzen envisageable war, do eng Spuer zouzemaachen."

Dobäi kéim, datt een dës Spuer wärend den Opbauaarbechten dës Woch all Nuecht nees hätte missen ofbauen. 
D'Vëlosfuerer selwer, déi hire Vëlo un der Hand iwwer d'Rout Bréck féiere mussen, hunn e Mëttwoch de Moie mol méi mol manner Versteesdemech gewisen. Effektiv ass et besonnesch fir sougenannte Cargobikë mat deene Kanner matgeholl ginn alles anescht wéi evident.

"With the cargobike and two kids, it's just too difficult to walk all over the bridge and with other pedestrians coming and other bikes coming. It's actually creating a more difficult situation."

"Les barrières en plus elles sont dangereuses avec les pieds qui s'écartent. S'il y a deux vélos qui se croisent, ça passe pas."

"C'est ok. Il faut faire avec. Il faut faire avec. Cela me prend cinq minutes de plus, c'est rien."

Och de Stater Mobilitéitsschäffe gëtt ze bedenken, datt den Trounwiessel jo awer eppes Aussergewéinleches ass. Duerfir kéint ee jo awer en Zäitverloscht vun 3 Minutten a Kaf huelen. Déi sécherst Plaz och fir de Vëlo wier op alle Fall den Ament nach ëmmer um Trottoir. ProVelo maachen den Owend um hallwer 6 um Rond-Point Schuman hirersäits eng weider Aktioun.