Fir den Trounwiessel den 3, Oktober hu vill Betriber flott Aktioune geplangt.

24/09/2025 Business News - Delhaize

Delhaize, a Panelux an d'Croix-rouge profitéiere vun der Occasioun vum Trounwiessel fir eng Kollaboratioun ze starten: Delhaize huet mat Panelux eng nei Tartelette mat schwaarzem Schockela a mam Logo vum Trounwiessel erausbruecht. De Benefice heivu geet un d’Croix rouge!
 
Fir ze feieren huet Delhaize och den Trounwiessel-Crémant vu Bernard Massard am Sortiment. Als belsch Chaîne ass Delhaize och ebësse mam Trounwiessel verbonnen,  vue datt d’Grand Duchesse jo Belsch ass an de Belsche Kinnek de Cousin vum Grand-Duc Henri ass. Och op delhaize.lu.

RTL