Um Stand 7B14 vun der Home Expo fënnt een Taff mat enger flotter Innovatioun.Si sinn d'Pionéier a Saache Fassadebotz.

TAFF ass déi éischt lëtzebuergesch Botzfirma, déi mat TAFFDRONE eng Zoulassung fir d’Botze mat Dronen a bis zu 70 Meter Héicht huet. Ouni Gerüst ginn esou Fassaden, Diecher a Glasflächen effikass, nohalteg a méi gënschteg gebotzt.

RTL

Zousätzlech bitt TAFF elo speziell Maschinnen un, fir Fläche vu Betriber an ëffentlech Plaze wéi Déifgarage, Parkingen oder Atelieren ze botzen. Taff ka souguer méi hartnäckeg Dreck oder Graffiti ewechmaachen. Mat iwwer 30 Mataarbechter ginn och Solaranlagen, Terrassen, Natursteenmaueren a Grafsteng professionell gebotzt a gefleegt. Op der Home Expo sinn se mat hirem Schwesterbetrib Wandwerk. Och op taff.lu.