D'Münchener Oktoberfest mécht seng Dieren um Mëttwoch den Owend nees op

25 Policehënn haten de Site no enger der Menace vu Sprengstoff stonnelaang duerchsicht. Et ass awer näischt Opfälleges fonnt ginn.
Och Mataarbechter vun de "Wiesn" hate missen de Site verloossen. Dat gréisst Volleksfest vun der Welt goung awer nees fir 17.30 Auer op.

Et gouf an all Richtung ermëttelt, heescht et weider. Nodeems Sprengstofffalen an engem Haus fonnt goufen, wëll een elo en Zesummenhang mat anere Plazen préiwen. D’Police an d’Pompjeeën goufen e Mëttwoch de Moien op en Asaz geruff, nodeems et am Quartier Lerchenau zu engem Brand an Explosioune komm war. De Verdächtegen, deen och fir d'Bommemenace um Oktoberfest verantwortlech war, gouf dout opfonnt an och säin 90 Joer ale Papp soll net méi liewen, mellt d'Police.
