Emile Weber an Twiliner huelen Iech mam Bus mat
Mat Emile Weber reesen gëtt an Zesummenaarbecht mat Twiliner souguer nach méi komfortabel...
Emile Weber an d’Schwäizer Start-up Twiliner hunn zu Kanech den éischten Twiliner-Reesbus zu Lëtzebuerg virgestallt – eng Première fir ganz Europa. De Bus bitt patentéiert Schlofsëtzer a verbënnt Komfort, Innovatioun an Nohaltegkeet: Mat nëmmen 24 Gramm CO₂ pro Passagéierkilometer ass en vill méi ëmweltfrëndlech wéi zum Beispill e Fliger. Vun November un geet déi éischt Rees tëscht Zürich an Amsterdam mat engem Arrêt zu Lëtzebuerg un de Start a weider Strecken si geplangt. D’Busser bidden Business-Class-Komfort, flexibel Buchungsméiglechkeeten a sinn och ideal fir Gruppereesen. Emile Weber an Twiliner setzen domat nei Moossstief fir nohaltegt a komfortabelt Reesen an Europa.