Walfer steet am Zeeche vum Buch

D’Walfer Bicherdeeg erwaarden iech dëse Weekend mam Motto „Mémoire“.
An 3 Hale fannt dir iwwer 170 Stänn: den Occasiounsmaart, de Books for Kids an de Marché du livre. Vill flott Liesungen erwaarde Grouss a Kleng, et gëtt Animatioun a Fotosausstellungen, an eng Aussebün wou Literatur op Musek trëfft.
Samschdes vun 10:00-19:00 a Sonndes vun 10:00-18:00 mat Foodvillage a Kaffisstuff, alles um Site ronderëm d’Walfer Sportshalen. Den Entrée ass fräi.
E flotte Weekend also wou dir och d'Auteuren an d'Editeure begéine kennt an iech mat hinnen austauschen.
De ganze Programm fannt dir op bicherdeeg.lu.

Business Walfer Bicherdeeg