En neie Label fir 8 Kinoen aus dem ganze LandAus CDAC gëtt CINEXTDOOR

IPL
En onvergläichlecht Kinosgefill mat vill Komfort a Qualitéit

18/06/2021 Business News

Aus CDAC gëtt elo CINEXTDOOR. Dat huet d’Asbl des Woch matgedeelt.

Des gemeinsam Kommunikatiounsplattform CINEXTDOOR regroupéiert 8 Kinoen aus dem ganze Land: de Ciné Orion zu Ëlwen, de Ciné Prabbeli zu Woltz, de Ciné Scala zu Dikréch, de Ciné Sura zu Iechternach, de Kulturhuef Kino zu Gréiwemaacher, de Kinoler zu Koler, de Ciné Le Paris zu Beetebuerg an de Ciné Starlight zu Diddeleng.

Si bidden alleguer en onvergläichlecht Kinosgefill mat vill Komfort a Qualitéit, mat aktuelle Filmer a verschidde Sproochen, eng kulturell Villfalt an Eventer vun der 7. Konscht, no bei de Bierger.

CINEXTDOOR fannt Dir elo op www.cinextdoor.lu, op Facebook an op Instagram.

www.cinextdoor.lu
facebook.com/cinextdoorluxembourg
instagram.com/cinextdoor/

Back to Top
CIM LOGO