
Mam neie “Benefit-Club” vun der American Chamber of Commerce kënnen hier Membere vu Remise a lokale Geschäfter profitéieren.
D’Iddi hannendrun ass matzewierke beim Opbau vun der Wirtschaft zu Lëtzebuerg no dëser Zäit vu Lock-Down an Online Shopping.
Duerch dëse spezielle Remiseprogramm gëtt eng Win-Win Situatioun kreéiert:
D‘Memberen kréie Remisen an de Geschäfter déi matmaachen an d’Geschäfter déi matmaachen profitéiere vun enger gratis Reklamm an och vun neie Clienten.
D’American Chamber of Commerce huet ronn 6000 Memberen.
Méi Detailer an d’Lëscht vun de Geschäfter, kritt Dir op www.amcham.lu oder per Mail op mbc@amcham.lu.