Nei Marken, Faarwen a MusterDe Bram ass prett fir d'Fréijoer

IPL
Beim BRAM steet de Fréijoersshopping Weekend virun der Dier.

Och wann et besonnesch Zäite sinn, sollen d’Clienten trotzdeem d’Méiglechkeet hunn an enger entspaanter Shopping Atmosphäre akafen ze goen.

Sidd Dir nach op der Sich no engem Fréijoersoutfit? Beim Bram waarde vill nei Marken ewéi Zadig & Voltaire, Dorothee Schumacher, The North Face an Dondup op Iech.

Ausserdeem huet de Bram säi Sortiment em vill Lifestyle Artikelen erweidert, esou dass Dir elo och ënnert anerem Käerzen, Vasen a Seefe vu Marke wéi z.B. Meraki a Broste Copenhagen am Geschäft fannt.
Aktuell huet de Bram vu Méindes bis Samschdes ëmmer vun 10 bis 7 Auer op an um verkafsoppene Sonndeg kënnt Dir vun 10 bis 6 Auer shoppe goen.

D’Kollektiounen fannt Dir och op bram.lu

Business News - Bram

bram.lu

Back to Top
CIM LOGO