En ekonomesch an ekologesch responsabele BetribDe Label ESR fir d'"Moulins de Kleinbettingen"

IPL
Am Respekt vun de lokale Produkter

05/03/2021 Businessnews

D’Klengbettener Millen huet de Label ESR kritt, deen also vun enger « Entreprise socialement responsable ». Virun iwwer 20 Joer huet den Här Muller schonn de Label Produit du terroir mat an d’Wee geleed a mam ESR-Label gëtt déi Philosophie elo weider gefouert. Am Esprit fir mat alle Mataarbechter ëmmer besser ze ginn, gëtt vill op Ethik an Transparenz gebaut.

De Label ESR belount jo hei esouwuel d’Art a Weis, wéi de Betrib gefouert gëtt, d’Betribskultur, den Engagement, d’Innovatioun an de positiven Impakt vun der Firma op hiert lokalt Ëmfeld, am Respekt vun de lokale Produkter. D‘lescht Joer hunn d’ “Moulins de Kleinbettingen” jo d’Gamme Nuddele “LE MOULIN” lancéiert, 100%eg aus lëtzebuerger Weess.

Parallel gëtt och um nohaltegen Ausbau vum haarde Weess « Produit du terroir » geschafft, am Respekt vun eiser Ëmwelt an encadréiert vun der Chambre d’agriculture. D’Participatioun um Label ESR war also eng logesch Suite fir sech als ekonomesch an ekologesch responsabele Betrib testen a bewäerten ze loossen. Dass dat geklappt huet, dozou kann een der Klengbettener Millen nëmme felicitéieren.

Méi Informatiounen iwwer de Betrib ginn et op lemoulin1704.lu an op mkmoulin.lu.

lemoulin1704.lu
mkmoulin.lu

Back to Top
CIM LOGO