Eng nei Aktioun zu Cliärref:D'Gemeng setzt de Fokus op Sport a Beweegung

IPL
Wann dir och Loscht hutt är sportlech Limitten auszetesten, da gitt op Cliärref kucken!

Business News mat der Gemeng Klierf

D’Beweegungschallenge vun der Gemeng Cliärref bitt eng grouss Panoplie u Sportsaktivitéiten, wéi Basketball, Trape-lafen a Wanderen. An dëst mat verschiddene Schwieregkeets-Niveauen.

Zesumme mat der Sportskommissioun an de lokale Sportsveräiner invitéiert d’Gemeng Cliärref op déi grouss Bewegungschallenge. Dëst am Kader vun der Campagne „Fir méi Sport a Beweegung – Cliärref 2025“.

Vum 14. bis den 22. Juni 2025 ka jiddereen vun 12 Joer un deelhuelen. A mat e bësse Gléck kann een dann och nach ee Reesbong am Wäert vun 2000€ gewannen. Offréiert vun der Gemeng Cliärref a Voyages Emile Weber.

All Detailer fënnt een op clervaux.lu.

null

Back to Top
CIM LOGO