
Dëse Weekend 17. an 18. Mee sinn d’Golf Days hei zu Lëtzebuerg!
Dat heescht, datt een op 5 verschiddene Golf-Terrainen gratis de Sport vum Golf teste kann: Zu Clierf, Kanech, Chrëschtnech, Jonglënster an der Kockelscheier.
Vill vun de gratis Schnuppercoursen si scho besat, ma zu Chrëschtneg a Klierf sinn der nach ze kréien.
Och ouni Aschreiwung gëtt et villes ze kucken, gitt bis laanscht!
Dir fannt de ganze Programm an d’Aschreiwungen um Site vun der Federatioun flgolf.lu.