Fir Chauffeure vun opluedbaren Hybridautoen an Elektroautoen "Drive Electric" vun der Bâloise

IPL
Déi éischt Assurance mat spezielle Servicer

05/03/2021 Businessnews

Den Autosfestival ass jo sou just eriwwer, a wéi all Joer sinn nees vill Offeren iwwert den Dësch gaangen. Fräizäitautoen, Notzgefierer, Leasingsautoen – d’Autoe ginn ëmmer méi villfälteg an dem Choix vum Client si (bal) keng Grenze gesat.

Nodeems een et vum Immobiliëmarché jo scho gewinnt ass, datt een sech bei Neibauten a Richtung Passiv- oder Niddregenergie orientéiert, schéngen och d’Autoskonstrukteuren op den Zuch opgesprong ze sinn a produzéieren ëmmer méi schuedstoffaarm Gefierer.

No engem éischter luese Start huet sech d’Offer u sou Gefierer an de leschte Jore ferm erkritt. Obwuel déi éischt Plug-In Hybrid oder Full Electric Gefierer am Ufank net vill Begeeschterung ausgeléist hunn, gëtt et elo lues awer sécher ëmmer méi Autofuerer, déi hir CO2-Emissioune reduzéiere wëllen an dowéinst zu deene sougenannte “proppere” Gefierer gräife, wat sech och elo um Autofestival bestätegt huet.

An der Optik, d’Liewe vun hire Clienten duerch innovativ Léisungen an en aussergewéinlecht Erliefnis ze vereinfachen, bereet sech d’Bâloise elo schonn op d’Entwécklungen an dësem Marché vir, fir deene Fuerer, déi sech fir en Elektro oder Plugin-Hybrid Gefier entscheeden, D unzebidden. Entdeckt duerfir elo „Drive Electric“, déi éischt Assurance speziell mat Servicer fir Chauffeure vun opluedbaren Hybridautoen an Elektroautoen.

All d‘Detailler fannt Dir op baloise.lu.

baloise.lu

Back to Top
CIM LOGO