Lëtzebuerger Produite fir Är Ernärung ze ergänzenFir Är Gesondheet a Fitness: Beyond Nutrition

IPL
Mat enger feiner Auswiel aus Vitaminne, Mineral- a Planzestoffer

31/03/2021 Business 13h10

Wëllt Dir Är Gesondheet a Fitness ënnerstëtzen? Da bitt déi lëtzebuerger Mark „Beyond Nutrition“ Iech genee déi richteg Produiten.

Egal ob et ass fir den Immunsystem ze stäerken, fir sech ze erhuelen, eng sportlech Leeschtung opzebauen oder einfach nëmme fir sech wuel ze fillen: mat enger feiner Auswiel aus Vitaminne, Mineral- a Planzestoffer kënnen déi Produkter Iech aktiv an an all Liewenslag ënnerstëtzend zur Säit stoen. D‘Natierlechkeet bei der Auswiel vun de Rohstoffer an d‘Transparenz zum Client sti bei „Beyond Nutrition“ un éischter Stell.

Wéi et sech gehéiert sinn hir Produiten natierlech och alleguer fräi vun Zousazstoffer. Fir d‘Qualitéit ze garantéiere gi si och reegelméisseg kontrolléiert. Och Veganer kënne se ouni Bedenken notzen. An dass Dir net nëmmen eppes Guddes fir Iech, mee och fir d’Ëmwelt, maacht, ginn et hir Produiten an Zukunft och an ëmweltfrëndleche Verpackungen. Et ass also un der Zäit e bessere Choix ze maache, mat de Produkter vu „Beyond Nutrition“.

Méi Infoe fannt Dir op beyond-nutrition.lu

beyond-nutrition.lu

Back to Top
CIM LOGO