Schreift Iech an:Fir de Meeschterdiplom vun der Chambre des Métiers

IPL
De Brevet de Maîtrise gëtt et an de Beräicher Alimentatioun, Moud, Santé, Hygiène, Mécanique, Constructioun, Kommunikatioun, Multimedia an divers.

14/05/2021 Business

D’Ausbildung fir dëse Brevet de Maîtrise/Meeschterdiplom bitt d’Méiglechkeet sech perséinlech a berufflech weiderzëentwéckelen. Iwwert ronn dräi Joer kritt een hei Fachwësse vermëttelt fir e Betrib ze geréieren, méi Responsabilitéit ze kréien oder awer säin eegene Betrib ze féieren.

All Persounen déi sech fir d’Handwierk begeeschteren an en DAP oder méi hunn, kënne sech aschreiwen.

De Meeschterdiplom ass esou konzipéiert datt ee weiderhi ka schaffe goe mat Coursen owes oder weekends. De Brevet gëtt et exklusiv am Handwierk an a 24 Métieren. Wéieng dat sinn an all weider Informatioune kritt Dir op handsup.lu

handsup.lu

Back to Top
CIM LOGO