
An der Belle Etoile ass dëse Weekend Fréijoersshopping an duerfir ass den Akafszenter um Tossebierg och dëse Sonndeg 28.3. mat sengen 105 Geschäfter vun 14.00 bis 18.00 fir Iech op!
Déi nei Fréijoerskollektioune sinn ukomm an d‘Butteker hunn scho vun haut u Promotiounen! Am Depliant vum Fréijoersshopping sinn alleguer d’Remisen an den eenzele Geschäfter iwwersiichtlech opgelëscht – déi ginn alt bis zu 50%, niewt enger ganzer Rei vu speziellen Offeren am Prêt-à-porter, am Sport, op Kannermoud, Schéinheetsprodukter, Bijouen, Brëller, Schong, Lingerie, Maroquinerie, Haushaltsartikelen, Reese, Fräizäit, Multimedia, am Take Away an op verschiddene Servicer.
D’Lëscht vun alle Geschäfter, de Folder vum Fréijoersshopping grad esou wéi den aktuelle Belle Etoile Magazine an all weider nëtzlech Informatioune fannt Dir op belle-etoile.lu.