Zanter 1945 sinn esou 543 Milliounen Euro an d’Philanthropie gefloss Happy Birthday Rubbellousen zu Lëtzebuerg

IPL
D’Rubbellouse vun der Loterie Nationale feieren dëst Joer hire 40. Gebuertsdag

Zanter dem Start 1985 goufe méi wéi 300 Milliounen Tickete verkaaft a bal 400 Milliounen Euro goufe bis elo un d’Gewënner ausbezuelt.

D’Offer huet sech an de Joren och wäit entwéckelt - Aktuell si 16 bis 17 verschidde Rubbel-Spiller am Ëmlaf.

Mat Klassiker wéi dem „Piccobello“ oder „Année Magique“, goufen och Gewënner op de Plateau vun RTL invitéiert.

Zanter 2008 ginn et d’Rubbellousen och am online-Format.

Besonnesch populär ass am Dezember och de Rubbel-Kalenner, dee mat sengen 31 Fënsteren, Gewënnméiglechkeeten vu bis zu 50.000 € ubidde kann.

Wéi bei all anerem Glécksspill vun der Loterie Nationale, geet och bei de Rubbellousen, all Benefice un d’Œuvre Nationale de Secours Grande-Duchesse Charlotte – fir sozial, kulturell an ökologesch Projeten hei am Land z’ënnerstëtzen.

Zanter 1945 sinn esou 543 Milliounen Euro an d’Philanthropie gefloss.

04/06/2025 Business

Back to Top
CIM LOGO