Vum 13. bis de 27. MäerzMiwwelfestival bei 22 Miwwelhändler zu Lëtzebuerg

IPL
Maacht mat bei deem attraktive Concours!

12/03/2021 Business 13h15

Dëse Samsdeg 13.3. fänkt de Miwwelfestival un. Bis de 27. Mäerz weisen Iech dann 22 Miwwelgeschäfter a Membere vun der Fedam, der Fédération Luxembourgeoise de l’Ameublement, hir neitst Kollektiounen.

Et maache mat: Miwwel Alvisse, Ameublement Jean Ruhl, Miwwel Thill, Cabinet + Duxiana, Conforama, Decker Line, Dorma Home, Fiisschen Concept, d‘Galerie Moderne, House of Comfort, de Kichechef, KicheConcept, d‘Literie Kandel zu Bäreldeng, d‘Boutiques Lucien Schweitzer, d‘Maison du Lit, Meubles Mich-Gillen, Miwwel Oestreicher, Roche Bobois, Stoll Maître Matelassier, Studio-Land / Baby, Kids & Jugendwelten, Thommessen Intérieurs an Tousalon. All déi renomméiert international Marke si bei hinne vertrueden.

Am Kader vum Miwwelfestival gëtt och nees e grousse Concours organiséiert, bei deem Dir Akafsbonge vu bis zu 2.000 € kënnt gewannen. Wéi dat fonctionéiert an déi komplett Informatiounen a Marke vun alle Miwwelhändler, déi um Festival matmaache, fannt Dir op www.fedam.lu.

A wéi heescht et esou schéin: „Miwwel zu Lëtzebuerg – mäi Choix!“ Duerfir: kaaft Är nei Miwwele lokal zu deene beschte Konditioune vum 13. bis de 27. Mäerz.

fedam.lu

Back to Top
CIM LOGO