Fir Gläichheet vu Mann a Fra an der BeruffsweltOrange Lëtzebuerg - Partner vun der FFCEL

IPL
Der « Fédération des Femmes Cheffes d’Entreprise »

12/03/2021 Business 13h15

Orange Lëtzebuerg gëtt Partner vun der FFCEL, der « Fédération des Femmes Cheffes d’Entreprise ». Dat huet Orange e Méindeg 8.3. um internationalen Dag vun de Rechter vun der Fra annoncéiert. Den Telekommunikatiounsopérateur wëll esou d’Fraen un der Spëtzt vu Gesellschaften ënnerstëtzen a sech fir Gläichheet vu Mann a Fra an der Beruffswelt asetzen. De Groupe Orange huet sech dat schonn zanter e puer Joer op säi strategesche Fändel geschriwwen.

Orange ass iwwerzeegt dass d’Mixitéit zur Gerechtegkeet an zur wirtschaftlecher Performance bäidréit. Fir d’FFCEL ass dee Sponsoring och immens wichteg, well een duerch deen de Membere vun der asbl flott an interessant Aktivitéiten an Eventer proposéieren a sech selwer méi bekannt maache kann. D’Fraen un der Spëtzt vun Orange Lëtzebuerg maache bei dësen Aktioune mat fir hir Erfarungen a « Best Practice » mat deenen aneren ze deelen an esou de Business ze vergréisseren an mat neie Bekanntschaften nach méi Afloss ze kréien.

Orange gouf iwwregens schonn d’lescht Joer fir all des Efforte mam internationale Certificat GEEIS “Gender Equality European & International Standard” a mam Label “Actions positives” vum Ministère de l’Égalité des hommes et des femmes belount. Donieft gouf Orange Lëtzebuerg scho fir d’sechst Joer hannerenee vum Top Employers Institute zum “Top Employer” gewielt.

orange.lu

Back to Top
CIM LOGO