
De Groupe Raumkonzept mécht dëse Samsdeg 3.4. en neie Showroom hei zu Lëtzebuerg op.
Raumkonzept ass den Ament schonn zu Tréier a kënnt elo och op Alzeng. Raumkonzept ass Äre Spezialist fir Beton ciré, Spanplaffonngen, Wänn a Planzebiller. Si verschaffen héichwäerteg Matièren, maachen en innovativen Design, mat handwierklechem Fachwëssen an enger kompletter, professioneller Berodung. Alles aus enger Hand! Beton Ciré kann een zum Beispill iwwer all Fläch driwwer spachtelen, wéi bei der Renovéierung vun engem Buedzëmmer oder bei der Sanéierung vun enger Trap. Dat geet séier, mat manner Knascht a Stëbs, et ass e robust Material, wat einfach ze botzen ass, an d’Faarftéin kann een individuell openeen ofstëmmen.
Oder wéi wär et mat enger gëllener Wand? Et muss jo net ëmmer wäiss sinn. Setzt mat Raumkonzept nei Akzenter mat Edelmetaller wéi Bronze, Koffer, Messing, Gold, Aluminium oder Eisen als Matière fir d’Uewerflächen ze gestalten. Garantéiert stilecht an e richtegen Eyecatcher!
Freet Iech drop: dëse Samschdeg geet also hiren neie Showroom zu Alzéng op Nummer 482 op der Diddenuewener Strooss op.
Méi Detailer fannt Dir op raumkonzept.lu