Den Delai em 3 Méint verlängert: Schreift Iech nach bis November am Registre des Beneficiaires Effectifs an

IPL

Den LBR, Luxembourg Business Registers, huet den Delai fir sech am Registre des Beneficiaires Effectifs anzedroen em 3 Méint verlängert. Déi wirtschaftlech Interessevereenegung tëscht dem Staat, der Chambre de Commerce an der Chambre des métiers mam Numm Luxembourg Business Registers, geréiert ënnert anerem de Registre des Beneficiaires Effectifs. Sämtlech Entitéiten, déi um Registre de commerce agedroe sinn hate bis August Zäit sech an dësem Register anzeschreiwen, elo gouf dësen Delai da bis November verlängert. Info an Aschreiwunge fannt der um Site lbr.lu, oder och gären op Rendez-vous bei hirem Helpdesk.

11/09/2019 Business News

www.lbr.lu

Back to Top
CIM LOGO