Concerte vun Jukebox, Les Gavroches, Voices International a vum MIL-Chouer sinn och um Programm.  

Am Kader vum Weltalzheimerdag, invitéiert d’Associatioun Lëtzebuerg Alzheimer e Samschdeg, den 20. September op hire 24. Memory Walk. 
Lass geet et um 11.00 Auer op der Place Clairefontaine an der Stad. Do kritt dir Informatiounen iwwer Alzheimer, déi verschidden aner Forme vun Demenz an d‘Servicer vun der ala.  
Weist är Solidaritéit mat de betraffene Persounen a maacht mat beim Memory Walk, e flotten Tour mat engem Guide duerch d‘Stad.  
De Memory Walk vun der ala: dëse Samschdeg op der Place Clairefontaine an der Stad.  
Umelle kënnt dir iech gratis op www.alzheimer.lu 

EgR: ASSOCIATION LUXEMBOURGEOISE ALZHEIMER 15.09.-20.09.2025
RTL