Mann duerch Schëss blesséiert, Police mellt dräi Festnamen

© ROBERT SCHLESINGER / picture alliance / dpa Picture-Alliance via AFP
E Sonndegowend géint 19.45 Auer krut d'Police Schëss an der Stater Avenue Monterey gemellt, eng Patrull konnt op der Plaz eng blesséiert Persoun untreffen.
Dës ass um Réck verwonnt ginn a gouf direkt an e Spidol bruecht, schreift d'Police an hirem Bulletin. Wéi et weider heescht, wieren d'Schëss éischten Informatiounen no am Beräich vum Park ronderëm d'Villa Vauban gefall. Zwou Persoune sollen hei op e Grupp vu véier Leit duergaange sinn, woubäi ee vu béiden dunn op de Grupp geschoss huet. Si sinn doropshi mat engem Auto geflücht, dëse konnt awer kuerz duerno zu Märel gestoppt ginn. Béid Verdächteg, wéi och eng drëtt Persoun goufe festgeholl a kommen op Uerder vum Parquet e Méindeg virun den Untersuchungsriichter.
D'Police war e Sonndeg mat engem groussen Dispositif op der Plaz, ënner anerem mat der Hondsstaffel an der Spezialunitéit. Éischten Erkenntnisser aus der Enquête no, gëtt et tëschent béiden involvéierte Gruppen e Lien.