E Méindeg de Moie war d'Schoulrentrée Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

Fir 63.000 Kanner an der Grondschoul geet den Eescht vum Liewen nees un. An deem Kontext war den Educatiounsminister Claude Meisch eisen Invité vun der Redaktioun.

Lëtzebuerg hält un den Tabletklasse fest

Lëtzebuerg bleift bei den Tabletsklassen am Secondaire, och wa skandinavesch Länner op deem Punkt mëttlerweil zeréckrudderen. De Karolinska-Institut hat an enger Etüd festgehalen, dass Schüler déi mat Tablet geléiert hunn, en däitleche Réckstand zu aneren hätten.  Riets geet am Liese vun engem Retard vun ca. 2 Joer op aner Schüler. Dat kéint hien net confirméieren, seet den Educatiounsminister Claude Meisch, ma e wier awer wichteg, en Equiliber ze fannen: "Et hat ee bëssen d'Gefill, den Tablet ass esou e Gadget ginn nom Motto 'komm bei eis an d'Schoul, da kriss de en Tablet.' A mir wësse jo mëttlerweil, an dat ass net nëmmen eng Saach, wou d'Schoul eng nei Erkenntnis huet, mee d'Gesellschaft huet eng nei Erkenntnis, datt och vill Saachen um Tablet an um Smartphone gemaach ginn, déi net gutt si fir déi Jonk. An duerfir sollte mer do schonn oppassen."

Ëmgank mat KI eréischt am Lycée

Iwwert dëst Schouljoer schafft de Bildungsministère dann och un enger Strategie fir den Ëmgank mat Kënschtlecher Intelligenz an de Schoulen. Natierlech wier dat eng Realitéit, déi net méi fortgeet, erkläert de Claude Meisch, mee et geséich een och ganz kloer Risiken. Den Ufank vum Lycée wier de richtege Moment, fir dass d’KI am Programm optaucht. Dass d’Schüler awer schonn an der Grondschoul dorop zeréckgräifen, fir hier Hausaufgaben ze maachen, géif Suerge maachen: "Een deen ëmmer nëmmen d'Maschinn denke léisst, léiert ni denken. An ech gesinn do wierklech de Risiko vun enger kollektiver kognitiver Veraarmung."

Alphabetiséierung op Franséisch: Integratioun am aktuelle System géif "net funktionéieren"

Vun der nächster Rentrée u kënnen d’Eltere vu Kanner am Cycle 1.2 decidéieren, ob hiert Kand op Franséisch oder op Däitsch soll alphabetiséiert ginn. Duerno kommen déi weider Klassen an der Grondschoul progressiv dobäi, bis an d’Joer 2032.  Bis dato gouf et de Pilotprojet a 4 Schoulen, alles an allem goufen 48 Kanner op franséisch alphabetiséiert .

Eng Etüd huet d’Resultater vun de Pilotklassen an den épreuves standardisées ausgewäert am Verglach mat Referenzgruppe mat dem selwechte sozioekonomesche Background a mam nationalen Duerchschnëtt. Eraus koum, dass d’Schüler besser liesen a schreiwe léieren an der Sprooch, déi hinne méi no ass. Allerdéngs betount d’Etüd vun der Uni Lëtzebuerg och, dass d’Aussokraaft limitéiert wier, well den Echantillon esou kleng ass, a well d’Tester deelweis net identesch ware fir d’Vergläichsgruppen, mee nëmmen konzeptuell änlech. Et gouf donieft eng gréisser Motivatioun bei de Schüler festgehalen, an och d’Elteren hätten de Projet begréisst.

De Claude Meisch léisst net gëllen, dass eng Etüd wéineg Evidenz fir eng national Politik wier: "Souwuel d'Wëssenschaftler wéi och d'Enseignanten, wéi och d'Direktiounen, recommandéieren alleguerten, verallgemengert dat doten. Dat doten ass benefique fir d'Schülerinnen an d'Schüler."

Et géing een d’Entwécklunge weider wëssenschaftlech begleeden. Dass d’Alphabetiséierung op Franséisch der Integratioun kéint entgéin wierken, gesäit den Educatiounsminister net: "mir gesi wierklech jo haut, datt d'Integratioun net fonctionéiert, well hannen eraus an der Grondschoul d'Weeër ausernee féieren,  an dat meeschtens ganz fréi schonn no der Alphabetiséierung ugeluecht gëtt, datt déi eng gutt mat virukommen an anerer zeréckbleiwen. An déi eng, déi ginn herno, soe mer emol an de klassesche Lycée, meeschtens déi, déi Lëtzebuergesch doheem schwätzen an déi, déi kee Lëtzebuergesch doheem schwätzen, do ass d'Chance vill, vill, vill méi grouss, datt se an d'Voie de préparation kommen. An dat ass eng Trennung vun eiser Gesellschaft, an déi wëlle mer ophiewen."
 
Natierlech misst net jiddereen op de Classique orientéiert ginn, mee et misst och net jiddereen an de Préparatoire. 

Kritik aus dem Enseignement: Manktem u Säll

Aus dem Enseignement koum iwwert der Annonce vun der Alphabetiséierung op Franséisch d’Suerg, dass net genuch Säll zur Verfügung stinn. Dat relativéiert de Claude Meisch. Schonn dëst Joer hätt een 1.000 Schüler méi am Fondamental wéi d’lescht Joer. Deementspriechend wier souwisou en Drock do, fir d’Schoulen auszebauen. Ausserdeem hätt een an de Pilotklasse 25 Prozent manner Allongementer festgestallt. Den Estimatioune vum Ministère no feelen am ganze Land eng 150 Schoulsäll iwwer 6 Joer.

Invité vun der Redaktioun: Claude Meisch

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.