Den Haff huet matgedeelt, wéi eng auslännesch Dignitairen un den Zeremonië fir den Trounwiessel den 3. Oktober deelhuelen.

Wéi am Schreiwes vum Haff ze liesen ass, wäerten déi hollännesch an déi belsch Kinnekskoppel grad ewéi d'Ierfprinzessinne vu béide Länner den 3. Oktober zu Lëtzebuerg sinn. Aus Däitschland wäert de Bundespresident Steinmeier ureesen an aus Frankräich de President Macron.

Wat d'Europäesch Institutioune betrëfft, wäerten d'Presidentin vum Europäesche Parlament Roberta Metsola an de President vum Europarot Antonio Costa un den Zeremonië vum Trounwiessel deelhuelen.