
Am Kader vum Weltalzheimerdag, invitéiert d’Associatioun Lëtzebuerg Alzheimer e Samschdeg, de 26. September op hire Memory Walk ënnert dem Motto „Demenz kennt keen Alter“.
Ab 11.00 Auer kritt dir Informatiounen iwwer déi verschidden Demenzformen an d‘Servicer vun der ala.
Weist är Solidaritéit mat de betraffene Persounen a maacht mat beim Memory Walk, en interessanten Tour mat engem Guide duerch d‘Stad.
Concerte vun Timeless, Les Brasseurs, Animato a vum MIL-Chouer sinn och um Programm (a fir Iessen an Drénken ass beschtens gesuergt).
De Memory Walk vun der ala: dëse Samschdeg op der Place Clairefontaine an der Stad.
Umelle kënnt dir iech gratis op alzheimer.lu
