Keen Ënnerscheed maachen tëscht Pensioune vu Privat- a Staatsbeamten
Et ass de warscheinlech gréisste Chantier vun dëser Regierung a war Thema en Dënschdeg am Face-à-face: d'Pensiounen.
D'Pensioune waren en Dënschdeg Sujet an eisem Face-à-face. De Moie war et u Vertrieder vun de Jugendparteien. Am Studio waren de Laurent Braun vun der Chrëschtlech-Sozialer Jugend CSJ an de Max Molitor vun der JSL, de Jonke Sozialisten. E Mëttwoch ass et dann um Tour vun den Deputéierte vun de jeeweilege Mammeparteien LSAP an CSV.
D'Jugendparteien hätte misse vun Ufank u méi an déi aktuell Rentendiskussioune mat agebonne ginn, seet de JSL-President Max Molitor. Eng Kritik, déi d’CSJ net ganz gëlle gelooss huet. Verschidde Jugendorganisatioune wieren nämlech scho consultéiert ginn an d’Jugendparteie géifen an enger zweeter Phas gefrot ginn.
Régime général (Privat.) an den Régime spécial (Staat) fusionéieren
Op ville Punkte ware sech déi zwee Invitéen allerdéngs eens. Virop wier et wichteg, datt jidderee gesäit, datt e Probleem do ass an dass d'Pensiounen net méi kënne finanzéiert ginn, wann den aktuelle System onverännert bleift. Alle béid plädéieren dofir, de Régime général (Privatbeamten) an den Régime spécial (Staatsbeamten) zesummenzeleeën. Do dierft een keng Angscht hunn aus elektorale Grënn. Wann een eng gerecht Gesellschaft hätt, da misst jidderee fir déi nämmlecht Aarbecht déi nämmlecht Pensioun kréien, seet de Max Molitor.
De Laurent Braun vun der CSJ geet an den Detail an erkläert, dass vun 2040 un duerch déi lescht Reform béid Systemer uneneen ugepasst sinn. Eenzegen Ënnerscheed wier dann, dass d’Beiträg, déi am Régime spécial abezuelt ginn, an och d’Pensioune selwer, net gedeckelt sinn. Am Privatsecteur ass den Deckel fënnef Mol de Mindestloun. Wann ee beim Staat fin de carrière géing schaffen, wier een u sech net iwwer fënnef Mol de Mindestloun. Firwat bis 2040 waarden an net elo schonn Gerechtegkeet schafen? Dat misst kënnen neutral a sachlech diskutéiert ginn, sou de Generalsekretär vun der CSJ.
Méi sozial gerechte Pensiounssystem
Béid jonk Politiker ware sech och eens, dass de Rentesystem méi sozialgerecht misst ginn. Mat der aktueller Mindestrent wier een dem Aarmutsrisiko ausgesat. Méi niddreg Revenue solle méi Pensioun kréien. Am Régime général bestinn d’Pensiounen aus engem fixen Deel (620 Euro, wann een 40 Joer geschafft huet) an engem proportionalen Deel, deen ofhängeg ass, wéi vill een abezuelt huet. Dat heescht och, wéi héich de Salaire ass. Et wier wichteg, de fixen Deel ze hiewen, fënnt de Laurent Braun (CSJ). Mat der Reform vun 2012 géing de proportionalen Deel jo och ëmmer méi kleng ginn.
Zweeten an drëtte Pilier stäerken oder net?
Fir de Max Molitor géing an der aktueller Diskussioun awer ze vill doriwwer geschwat ginn, fir d'Produite vun de privat Assurancen ze promouvéieren, an dës steierlech méi attraktiv ze maachen. Do géingen d’Banken an d’Assurancë gutt drop verdéngen, mä dat géing just bei enger gewëssener Gesellschaftsschicht Uklang fannen. Dat halen déi Jonk Sozialisten dofir net fir déi richteg Mesure.
Et géing net drëm goen, den 1. Pilier ze schwächen, äntwert de Laurent Braun. Mä et misst een awer iergendwou Depensë spueren. Dofir missten déi héich Pensiounen erofgesat ginn, och wann dat keng populär Ausso wier. Dofir wier et am Géigenzuch d’Iddi, dass déi, déi sech et leeschte kënnen, da privat virsuergen iwwer den zweeten an drëtte Pilier.
Nee zu der Erhéijung vun de Cotisatiounen
Cotisatiounen eropsetzen, wier fir béid Jugendparteie keng Optioun. Et géinge genuch Schrauwe ginn, un deenen ee fir d’Éischt kéint dréinen. Zum Beispill kéint een den Cotisatiounsdeckel op décke Paien hiewen, sou de President vun de Jonke Sozialisten. Wann een den géing hiewen, da kéint een d’Pensiounskeess bis zu 10 Prozent entlaaschten. Deen Ament misst een dann natierlech och fortkomme vum Prinzip, dass een Usproch huet op eng Pensioun, déi am Rapport zu dem steet, wat ee cotiséiert. Et wier een Zeeche vu Gerechtegkeet, fir den Deckel fortzehuelen, fënnt de Max Molitor.
Do géif de Staat awer Sue verléieren, warnt de CSJ-Generalsekretär. De Staat géing éischtens och een Deel Pensioun bezuelen, den dann och méi héich wier. Donieft géing de Staat Steierrecette verléieren, well d’Sue vun der Pensioun jo direkt vun der Paie ofgezu ginn an dann den Revenu imposable méi kleng ass. Duerno géingen also méi Suen am Budget feelen.
Absolutte "No-Go": Studentejoren net urechnen
D’CSJ an déi Jonk Sozialiste ware sech eens, dass et een absolutte No-Go wier, fir de Pensiounsalter unzehiewen. Donieft hu béid d’Aussoe vum President vum Patronatsverband UEL kritiséiert. De Michel Reckinger hat proposéiert, dass Baby-Joren a Chômage-Joren net méi dierfte vun der Pensiounskeess bezuelt ginn. Donieft dierften d’Studentejoren net méi ugerechent ginn.
“Dovunner halen ech net vill”, seet den Laurent Braun. Et einfach op een Ministère oder een aneren Budgetsposten ze drécken, géing näischt änneren. An Studiejore misst een als een Investissement vum Staat gesinn, wat duerno och eng Plus-value am Pensiounssystem wier, well Leit, déi een Ofschloss hunn, hätte meeschtens méi een héije Salaire an deemno méi Cotisatiounen.
De Max Molitor fënnt d’Aussoe vum Michel Reckinger “extrem speziell”. D’Patronat géing ëmmer nees soen, wéi wichteg et wier, Talenter unzezéien, an dass ee jonk Leit bräicht, fir se auszebilden. An da wéilt een hinnen d’Studiejore awer net unerkennen.
Am Face-à-face e Mëttwoch sëtze sech de Mars Di Bartolomeo (LSAP) an de Marc Spautz (CSV) zum selwechten Thema géintiwwer.