
Genee dat kënnt Dir zu Huewel maachen. Nieft Aktivitéiten a Collaboratioun mam Tourismusverband Visit Guttland zweemol am Joer, bitt de Jean-Marc Freylinger op sengem pedagogesche Bauerenhaff esou Wanderungen dat ganzt Joer iwwer mat sengen Déieren un. An do ka jidderee matgoen, egal ob jonk oder al, ob gutt ze Fouss oder am Rollstull. Hei gëtt sech jee no Clientèle adaptéiert.