Google Sécherheets-ToolDen "Dark Web Report" gëtt gestoppt

Nicky Soisson
D'Firma huet bekannt gi mat sengem "Dark Web Report" opzehalen.
© www.pixabay.com

Google Dark Web Report gëtt gestoppt

Den Dark Web Report war ursprénglech Deel vun de Google-One-Sécherheetsfunktiounen a gouf virun 2 Joer agefouert. Zil war et geklauten Donnéeë wéi E-Mail Adressen, Telefonsnummeren oder Adressen a bekannten Dark-Web-Quellen opzespieren a betraffe Leit doriwwer ze informéieren. D’Grondlag dofir war en individuelle Monitoring Profil an dem d’User selwer festgeluecht hu wéi eng Donnéeën iwwerwaacht sollte ginn.

Als Grond fir dës Decisioun nennt Google virun allem begrenzten, prakteschen Notzen. Och wann dësen Outil Hiweiser op méiglech Leaks liwwert, kruten d’Leit awer dacks net kloer gewise wat se da maache kéinten. Dowéinst verschwënnt dat Ganzt dann am Februar.

Ma keng Panik! Als grousse Provider vun Online-Identitéiten a Servicer huet Google all Interêt, sécherzestellen, dass déi Identitéiten net mëssbraucht ginn. Si wäerten deemno och weiderhi fir eis online Sécherheet suergen, och am Dark Web an och nach weider Outilen entwéckelen déi eis Donnéeë schützen.

Wien awer weiderhi selwer préiwe wëllt ob seng Donnéeën am Dark Net am Ëmlaf sinn, dee fënnt Ersatz. Den Hasso-Plattner-Institut, zum Beispill, bitt den HPI Identity Leak Checker un an de Sécherheetsexpert Troy Hunt de Service: „Have I been pwned?“. benotzen, deen equivalent zum Google Dark Web Report ass - just datt en alleguerten d’Konten abegräift an net nëmme Google-Konten.

All d’Donnéeën déi a Relatioun mam Dark Web Report gespäichert goufen, ginn dann och fir de 16. Februar geläscht.

Back to Top
CIM LOGO