RTL-AfterworkDen entspaanten Interview, dës Woch mam David Wagner

Patrick Greis
© Patrick Greis

Laang Jore war de “Café des artistes” dem Deputéierten David Wagner vun “déi Lénk” seng zweet Stuff. Den Dan Spogen, Raoul Roos a Mike Fandel gi gewuer, dass hien an de Massendénger war an do beim Klibbere gewerkschaftlech aktiv ginn ass. Se héieren awer och, firwat hien eng Kéier bal am Prisong souz. De Politiker zielt, dass en als Journalist säi beschten Artikel mat vill Alkohol geschriwwen huet. Et geet ëm de Gregor Gysi a seng gutt Witzer a mir héieren, dass hien an der Vakanz a Portugal bal erdronk war. Piano: Marc Schmidt

Wann der am “Café des artistes” wëllt live derbäi sinn, da maacht elo en SMS op de 62468 (50cent/SMS) Stéchwuert “Afterwork"+ Ären Numm.

De komplette Podcast fannt Dir op iTunes, Spotify an op RTL Play.

Back to Top
CIM LOGO