RTL-AfterworkDen entspaanten Interview, dës Woch mam Jeff Oberweis

Patrick Greis
Patissier-Confiseur an der zweeter Generatioun.
© Patrick Greis

Am 'Café des artistes' zielt hien dem Dan Spogen, Raoul Roos a Mike Fandel, dass hien als Kand aus Plazgrënn net mat sengem Brudder an engem Haus gewunnt huet.

Hien beschreift, wéi säin Papp a seng Mamm de Betrib opgebaut hunn, an op villes hu missten verzichten. Hien verréit wéi him d'Knippercher um roude Pëtz aus der Camionnette gefall sinn, wéi seng Mamm de Maître Vogel mam Fausti verwiesselt hat, a wéi de fréieren Direkter vun der Arbed Petit-fouren un den Hond verfiddert huet.

Den unerkannten Glacemeeschter schwätzt vun der éischter Commande fir den Haff, iwwer de President Macron an de Bamkuch an e Kuch bei enger Honnertjoerfeier, deen net do war. Piano: Marc Schmidt

Wann der am “Café des artistes” wëllt live derbäi sinn, da maacht elo en SMS op de 62468 (50cent/SMS) Stéchwuert “Afterwork"+ Ären Numm.

De komplette Podcast fannt Dir op iTunes, Spotify an op RTL Play.

Back to Top
CIM LOGO