
D’Liewen ass net onendlech, awer wie wëll net seng Liewenszäit sou laang wéi méiglech verlängeren? Den Dokter Marc Keipes aus dem Gesondheetszenter op der Gare, weess wéi ee sech op e puer einfach Manéiere fit am Alter hält.
Wann een abee mol selwer an déi Kategorie gehéiert, interesséiert ee sech nach méi fir all nei Etuden zum Sujet. Hei ass lo de neisten Trend aus Harvard. Ab 60 ass net joggen oder walken dat Bescht mee Kampfsportaarte wéi Tai Chi an Qi Gong. Also gekämpft gëtt do net wierklech, mee déi fléissend Beweegungen, Posturen an Otemtechniken verbesseren déi intern Kontrollsystemer an den Immunsystem. Vu dass dat dacks Coursen am Grupp sinn, hëlleft et och bei soziale Kontakter géint d’eleng sinn.
Wann een dorobber keng Loscht huet, gëtt et 5 einfach aner Übungen fir eleng ze maachen.
1. Zännwäschen op engem Been, net sou einfach wéi ee mengt. No 1 Minutt wiesselen. Awer nëmme wann der net esou wackeleg sidd, dass der direkt widder d’Buedbidden faalt.
2. Beim Waarde beim Bäcker oder op d’Tram sech ëmmer erëm op d’Zéiwen stellen an domadder Wueden stäerken.
3. Am sëtze virun der Televisioun d’Been an d’Luucht hiewen, just dass d’Feescht den Buedem net méi beréiert, halen an rëm zréck.
4. Ëmmer Trapen am Plaz vum Lift huelen.
5. Wandkniebeugen. Also de Réck widder d’Mauer a sech lues a Sëtzpositioun (awer ouni Stull) komme loossen, an erëm zréck. All Dag maachen, da bleift dir gesond.
Übungen fir am Grupp oder eleng