
Dem Olaf Möhle seng Aventure op Mallorca huet virun 23 Joer ugefaangen, als Animateur am Robinson Club. Wéinst schlechtem Wieder ass hien op d'Golfe komm, huet sech séier an de Sport verléift an dunn aus senger Leidenschaft säi Beruff gemaach. D'Ausbildung an Däitschland gemaach a schonn no engem Joer déi éischt Golfschoul op der Insel opgemaach. Am RTL Interview erkläert den Olaf firwat Mallorca perfekt ass fir Golf ze spillen, datt och vill Lëtzebuerger ënnert senge Cliente sinn, datt awer och ëmmer méi Amerikaner op d'Insel kommen an datt de Fluchverkéier iwwert engem Golf komplett ëmgeleet gouf fir datt de Barack Obama a Rou Golf spille konnt.
Den Olaf Möhle am RTL Interview
