
Hausbesetzer: Wat ass zu Lëtzebuerg erlaabt – a wat net?
„Nee, dat ass Hausfriddensbruch,“ erkläert de Maître Jean-Jacques Schonkert am RTL-Interview. Och wann e Gebai eidel steet, bleift et illegal, sech do festzesetzen. „Wann de Proprietär et net direkt mierkt, kann et zwar daueren, bis d’Police reagéiert. Mee et gëtt eng kloer Prozedur: eng procédure en déguerpissement pour les occupants sans droits ni titres iwwert d’Friddensgeriicht. Déi Leit ginn dann relativ séier eraus.“
An anere Länner ass d’Recht méi locker: „A Spuenien zum Beispill kann een, wann eng Wunneng méi wéi zwee Méint eidel steet, quasi legal dra goen. Dat mécht et extrem komplizéiert, fir déi Leit erëm erauszekréien. Sou wäit si mer zu Lëtzebuerg net – Gott sei Dank.“
Selbstjustiz ass streng verbueden.
De Fall a Frankräich, wou eng Fra Hausbesetzer selwer erausgeheit huet, ass e Warnsignal: „Selbstjustiz féiert zu engem Vertrauensverloscht an d’Justiz. Och hei am Land hat ech Fäll, wou Proprietären d’Schlässer gewiesselt hunn. Dat kann zu Schuedenersatzfuerderungen a souguer Strofen féieren,“ warnt de Maître Schonkert.
Wat wann et am Ausland geschitt?
„Wann e Lëtzebuerger en Appartement a Frankräich huet, dat besat gëtt, bleift näischt aneschters wéi eng Plainte bei der Police an d’Prozedur iwwert d’Geriicht. Selwer agéieren ass riskant – zivil- a strofrechtlech.“
D’Conclusioun: Vertrauen an d’Justiz an déi offiziell Weeër ass essentiell. Selbstjustiz kann deier ginn.