
Dass Datingapps ëmmer méi onattraktiv gi fir Leit, déi no richteger Léift sichen, ass kee Geheimnis. Elo geet den Trend rëm méi Richtung analogem Dating, also potenziell Partner kennenzeléieren, ouni duerch e Bildschierm mateneen ze schwätzen. Dëst ass fir muncher awer net esou einfach. Méi Onsécherheet, Angscht virun Zeréckweisung an de Mutt hunn iwwerhapt een unzeschwätzen, alles Facteuren, déi perséinlech Rencontere beaflossen. Eppes kënnt awer nach dobäi: An de Medien héiert een ëmmer méi vu sexuellen Iwwergrëffer, KO-Drëpsen a Gedrénks a Fraen a Männer, déi no engem Date verschwonne sinn. Déi medial Präsenz géif munche Leit Angscht maachen, sou den Informatiker Tom Swayer, deen dowéinst eng nei Plattform an d’Liewe geruff huet. De Lëtzebuerger a säi Kolleeg Wesley Hourdequin wëlle mat “Crush” Amor spillen an dat op sécher Aart a Weis.
Datingapps si fir vill Leit mëttlerweil méi Frust ewéi Freed. Endlos no riets a lénks wëschen, kuerz Chats ouni Déift, “Ghosting” amplaz Éierlechkeet.
Zwar ass d’Plattform och online, se ënnerscheet sech awer bewosst vun traditionellen Datingapps, erkläert den Tom Swayer. “Crush ass fir Singlen, déi wierklech hire Crush fanne wëllen an net just eng nächst Bekanntschaft.” Crush ass en englescht Wuert a bedeit, dass ee fir eng Persoun schwäermt oder Gefiller huet. D’Konzept: Authentifikatioun amplaz Anonymitéit. All Profil gëtt iwwerpréift, fir sécher ze goen, dass hannert all Account e richtege Mënsch stécht, deen et éierlech mengt. “Mir wëllen eng sécher Plaz schafen, wou ee sech traut, sech ze weise wéi een ass”, seet de Matgrënner. D’Profil gëtt zwar online ugeluecht, ma duerno geet et eraus op den Terrain. Déi aner kenneléiere kann een nämlech nëmmen op den Eventer. Online sinn d’Profiller net ze gesinn. “Mir wëllen esou och verhënneren, dass ee säi Noper oder soss ee gesäit an dat direkt ronderëm erzielt, wéi dat op Tinder dacks de Fall ass. Normal bei sou engem klenge Land.”

Den Tom, de Wesley an en drëtte Member vum Team bezeechne sech selwer mat engem Laachen als “Crushcoach”. Si kontrolléieren net nëmmen d’Profiler, mee sinn och bei Reallife-Eventer dobäi – als Wingman oder souguer als Amor. Eng mënschlech Approche, wou net den Algorithmus, mee d’Gefill am Mëttelpunkt steet. D’Zil ass kloer: manner Scrollen, méi richteg Gespréicher. An de Prinzip schéngt ze funktionéieren. Dëst Joer réischt ugefaangen, goufen elo schonn e puer honnert Profiller ugeluecht. An de 4. Mäerz fënnt schonn dat zweet Event statt.
Datingapps si fir vill Leit mëttlerweil méi Frust ewéi Freed. Endlos no riets a lénks wëschen, kuerz Chats ouni Déift, “Ghosting” amplaz Éierlechkeet.
De Sujet geet awer nach méi wäit ewéi eng eenzel Plattform. Et geet ëm eng gesellschaftlech Tendenz: Mir wëllen erëm méi analog erliewen. Wie säi soziale Radius vergréissere wëllt, kann dat och ganz ouni App maachen:
Och kleng Aktiounen am Alldag kënnen e Signal setzen. Eng flott Initiativ: de rosa Kuerf am Supermarché als Zeechen, dass een oppen ass fir e Flirt. Eng spilleresch Manéier, fir an d’Gespréich ze kommen.

Ob mat enger Plattform ewéi Crush.lu oder ganz ouni digital Hëllef, den Trend ass kloer: Vill Celibatairë wëllen nees bewosst a perséinlech Leit kenneléieren. Net nach eng Chat-Konversatioun, déi am Sand verleeft, mee konkret Renconteren. Wien dat Gefill huet, de Courage fir den éischte Schrëtt e bësse verluer ze hunn, ka sech Ënnerstëtzung sichen oder sech selwer nei erausfuerderen. E neien Hobby, en Event oder einfach e Gespréich am Alldag kënnen den Ufank sinn. Um Enn geet et net ëm d’App oder d’Konzept, mee dorëms, sech iwwerhaapt nees op aner Mënschen anzeloossen.