GesondheetstippVitaminn D

Patrick Greis
Wann d'Sonn schéngt, produzéiert de Kierper et selwer, wann et méi däischter dobaussen ass, soll a kann ee sech hëllefen.
© Maria Kozyr on Unsplash

Vitaminn D ass e Vitaminn dat de Kierper, wann d’Sonn schéngt, selwer hierstellt an dat enorm wichteg ass fir d’Gesondheet vun de Knachen, d’Funktioun vun de Muskelen an den Immunsystem. Den Dr Marc Keipes, aus dem Gesondheetszenter op der Gare weess awer wat ee maache kann, wann d’Sonn net schéngt an dass et net egal ass wéi vill Vitaminn D een zou sech hëlt.

De franséischen ‘groupe de recherche et d’informations sur l’ostéoporose’ huet eng rezent Analys publizéiert, déi d’Modalitéiten vun der Substitutioun, dem ersetzen dervun, klären. Si roden, dass et besser ass kleng Dosen mat 800 bis 1.000 Unitéiten, mee all Dag ze huelen, bei genuch Kalzium apport, wéi héich doséiert Dosen 1-2x de Mount ze huelen. Dat reegelméissegt géif hinnen no, notamment déi net vertebral Frakturen, also haaptsächlech Hëft, ëm 16% reduzéieren.

© Patrick Greis

Wéi ass et dann, wann een et ze vill gutt mengt an op Nummer sécher goe wëll?

Dosen iwwer 60.000 Unitéiten, si komescherweis souguer mat enger liicht erhéichter Zuel vu Bréch paradoxal erausfonnt ginn. D’Chimie derhannert ass ze komplex fir dës Antenn, mee virun allem mengen si dass d’Adherenz, wéi vill Leit drun denken de Vitaminn D och wierklech ze schlécken, bei den 1-2 Dosen de Mount méi schlecht ass wéi bei deenen deeglechen. Also denkt drun, vun O bis O wéi d’Wanterpneuen, also vun Oktober bis Ouschteren, Vitaminn D huelen, da bleift der ouni Fraktur an och gesond.

och wann d’Sonn net schéngt

Back to Top
CIM LOGO