LIVE! Planet People vum 19. DezemberJamie Poncin, Detlev Kümmel, Pit Wanderscheid, Joël Marques

Patrick Greis
Dës Kéier geet et ëm: Feiershow, 'Bares für Rares', Show Cooking a Musek
Live! Planet People vum 19. Dezember 2025
Mam: Jamie Poncin, Detlev Kümmel, Pit Wanderscheid, Joël Marques.

D’Jamie Poncin huet sech als Showreiderin, apaart vu Feiershows, en Numm gemaach. Schonn als Bëbee souz d’Jamie mat hirem Papp um Päerd a mat 5 huet se hir éischt Show geridden. Ass Päerdscoach forméiert si hir Schüler an der Buedem- a Fräiheetsdressur, awer dee meeschte Succès huet si mat hire Showelementer, wou d’Feier eng grouss Roll spillt. Dës Woch war si op engem groussen Reittournoi zu Frankfurt, wou si e gudden Androck hannerlooss huet.

© Jamie Poncin

Den Detlev Kümmel, Expert vu ‘Bares Für Rares’ kënnt geschwënn op Lëtzebuerg. Bei ‘Antiques & Art Fair Luxembourg’ vun 28. Januar bis 1. Februar 2026 kann een hie kenneléieren a vu senger Expertise profitéieren. De Galerist ass op der TV opgefall mat der Doku-Soap ‘Der Trödeltrupp’ op RTL II, ier hien am Horst Lichter senger Sendung ‘Bares für Rares’ als Expert gesat ass, wou hie sech op Konscht an Antiquitéiten spezialiséiert huet.

© ZDF

De Chefkach Pit Wanderscheid ass op der Wanderschaft a kacht, wou et hien hinzitt. No e puer Etappen an Restauranten a senger Epicerie Fine an der Stad waart déi grouss Welt op hien. Op Fritten oder Krocketten an der Belsch, Polenta um Gotthard oder eng Pan mat Frutti di Mare an Italien. Do, wou et hien hinzitt, gëtt an der Natur eng kleng Kachinsel opgeriicht an et geet lass. Op YouTube kann een ‘Pit Cooks The World’ abonéieren an den Appetit kënnt iwwer dem Kucken.

© Pit Wanderscheid

De Joël Marques schléisst en interessant Joer mat villen Optrëtter of a kuckt no vir. Bekannt gouf de Sänger engem gréissere Public duerch seng Participatioun bei ‘The Voice of Germany’, wou hien et bis an d’Halleffinal bruecht huet. Duerno koum den LSC 2024 an de Rescht ass Geschicht. Mat senger onverwiesselbarer Stëmm fält hien an der Musekslandschaft op a stécht eraus. Nom ‘Usina’ oder dem ‘Trounwiessel’ notzt den Déifferdenger d’Zäit fir op Chrëschtmäert ze sangen an 2026 ze preparéieren.

Joel beim Télévie
© RTL

Back to Top
CIM LOGO